Iwwer eis

Schreif mat eis déng Bridalstory …

D’Sich nom Brautkleed ass eppes ganz Besonnesches an Eenzegaarteges! Dofir ass et eis immens wichteg, dass du dech bei eis wuel fills.

Mir beroden dech éierlech, perséinlech a mat vill Häerz a Leidenschaft – genau sou wéi wa mir eis bescht Frëndin berode géifen!

Mir freeën eis allkéiers mat der Braut wa mir zesummen d’Dramkleed ze fannen, dofir ass et dat Allerschéinst fir eis dech op dëser eenzegaarteger an opreegender Sich ze begleeden!

 

Erlief eng onvergiesslech Berodung a schreif mat eis déng Bridalstory !

Ornella – Grënnerin vu Marry Me

Brautkleeder ware fir mech schonn ëmmer faszinant. Scho als Kand huet meng Mamm hiert eegent Brautkleed ëmbitzen gelooss, sou dass et mat Stolz undoe konnt! Mëttlerweil hunn ech dëst Kleed menger Nièce weiderverierft 🙂

Spéiderhi war et da mäi groussen Dram een eegent Brautkleedgeschäft ze hunn – mee do gehéiert vill Mutt dozou an et denkt een sech “Ohhh iergendwann mëss du dat dann, mee lo net!”

2018 dunn, nodeems ech 6 Joer als Educatrice geschafft hunn, hunn ech mäi Mutt zesummegeholl an den “Iergendwann” an en “Elo” verwandelt, ganz nom Motto:”Wat soll scho geschéien? Entweder et klappt oder et ass eng Erfarung!”. An wat soll ech soen? Ech géif mech ëmmer erëm d’Selwecht entscheeden 🙂

Et ass einfach ee wonnerbaart Gefill eng Braut glécklech ze gesinn an hirem Dramkleed an et erfëllt mech mat Stolz en Deel vun dëser eenzegaarteger an opreegender Rees ze sinn!

Larissa – Gute Fee

Berooderin mat Häerz an Séil

Schon am jonken Alter huet mech alles ronderëm Hochzäiten intresséiert.

Berufflech hunn ech deemools awer eng ganz aner Schinn geholl, leider huet mech dat awer ni ganz erfëllt. Wou ech bis bestued gi sinn an ech op der Sich no mengem Draamkleed war hunn ech op dat speziellt Gefill gewaart, wou ech leider net hat. Dat huet mir nach eng Kéier bestätegt dass ech gemaach si fir  an d’ Hochzaitsbranche an de Léit eng Freed ze maachen. Well ech der Meenung sinn dass all Bride-to-be een onvergiessleche Moment soll hunn bei der Sich no sengem Draamkleed. An wann ech mat Häerz a Leidenschaft een Deel dozou kann bäidroen, erfëllt dat mech. Ech sinn ukomm, an der Hochzaitsbranche fir Iech glécklech ze maachen.

 

 

Adresse : 
1, Avenue Lou Hemmer
L-5627 Mondorf-les-Bains

Telefon:
+352 26 67 22 33

Email:
info@marry-me.lu

Ëffnungszäit :
Op Rendez-Vous