FAQ
Är meeschtgestallten Froen op ee Bléck!
An dëser Rubrik fënns du all wichtëg Infos fir däi Rendez-Vous an eisem Store! Falls déng Froen trotzdem nach ëmmer net sollten beäntfert sin, dann kontaktéier eis gäeren!
Är meeschtgestallten Froen op ee Bléck!
An dëser Rubrik fënns du all wichtëg Infos fir däi Rendez-Vous an eisem Store! Falls déng Froen trotzdem nach ëmmer net sollten beäntfert sin, dann kontaktéier eis gäeren!
Jo an eiser Strooss (Avenue Lou Hemmer) gin et gudd Parkméiglechkeeten, allerdéngs rooden mir dir den bloen Disque ze leeën, deen 2 Stonnen gülteg ass. Alternativ kanns du och ouni Disque beim Casino parken.
Eis #bridestobe schätzen déi privat Atmosphär an och eis ass et wichtëg, dass mir dir eis komplett Opmierksamkeet an dësem wichtegen Moment kënnen schenken. Aus dësem Grond schaffen mir nëmmen op Rendez-Vous! Et gin verschidden Rendez-Vous-Varianten, dëss fënns du wanns du op den Button “Rendez-Vous huelen” klicks.
Yes! Gudd Laun an Virfreed!
Du dierfs hautfaarweg Ennerwäsch matbréngen/undoen, dësst ass awer beim Essayage kee Muss!
Du dierfs dech och ganz gäere Schminken – du solls dech wuelfillen! Mir benotzen Schminkschutzhauwen fir eis Räck firu Make-Up ze schützen!
Vill Hiersteller hun Liwerzäiten vun ca. 4-8 Méint. Dozou solls du Zäit fir Upassungen vun der Schneiderin ankalkuléiren. Mir empfehlen dir also ca. 8-10 Méint firum Hochzäitsdatum op Brautkleedsich ze goen.
Wanns du manner Zäit hues:
Eis Séparees sin op max. 3 Begleedpersounen (+Braut) ausgeluecht.
An eisem Bridal Breakfast-Rendezvous kanns du bis zu 5 Begleedpersounen matbréngen.
Eis Brauträck leien zwëschen 1’600€ an 3’500€, woubäi de gréissten Choix zwëschen 1’800€ an 2’600€ ass.
Mix&Match fënns du bei eis je no Kombinatioun zwëschen 1’100€ an 2’500€.
Eis Bridesmaids fannen bei eis ee Rack zwëschen 279€ an 300€.
D’Brauträck am Showroom leien gréisstendeels zwëschen 38 an 42. Vereenzelt Räck hu mir och am 46-48. Aaner Gréissten kënnen natierlech bestallt gin. Mir schaffen mat Tricks fir dir däi Kleed am Essayage sou gudd wi méiglech virstellbar ze maachen.
Pssst: Ab dem Summer 2024 féiren mir och Curvy-Brauträck bis Gréisst 54! Follow eis gäeren op Instagram fir ëmmer Up To Date ze bleiwen 🙂
Bei den meeschten Designer leien dëss zwëschen 4 an 8 Méint. Solls du däi Kleed méi kuerzfristeg brauchen:
Beim Kaaf vun déngem Brautkleed sin 65% vum Montant direkt fälleg, dono hues du 3 Méint Zäit fir de Reschtbetrag op een vun eisen Konten ze iwwerweisen. Falls du dech fir en “Take Me Home Today”-Kleed entscheeds, sin 100% direkt fälleg.
Du kanns bei eis entweder Cash bezuelen, mat V-Pay oder Visa. Mastercard huelen mir net un.
Nee, leider net.