A-Linn
D’A-Linn ass den Klassiker ënner den Brautkleed-Formen! Wisou? Well en einfach all Braut passt !
Déi klassësch Form déi un en groussen “A” erënnert huet en enk uleienden Uewerdeel, deen ab der Taille an en ausgestallten Rack verleeft! Zäitlos, elegant an modern!
Wéinst der virdeelhafter Form vun dësem Brautkleed-Typ gin eventuell Problemzonen um Bauch, Hënner oder Been charmant verstoppt an déng Schokolassäit gëtt erfier gehuewen!
Och klengen Fraen steet dësen Schnëtt wonnerbar, well en optësch streckt!
D’A-Linn gëtt et an verschiddenen Stilrichtungen an mat ënnerscheedlechen Stoffer! Momentan sin lëfteg A-Linnen mat Spëtz ganz beléift oder och ganz clean!
Budget: 1’400€-3’000€