Industrial Sparkle

e romanteschen Shooting mat Disco-Flair a Gypsophilia-Zauber

 

Wëllkomm zu engem eenzegaartegen a glamouréisen Shooting an d’Welt vun der Léift an dem Insdustrial-Glanz!

Bei eisem Styled Shoot hun mir déi rau Schéinheet vun dëser industrieller Plaz mam Zauber vun Disco-Elementer an zaarte Gypsophila-Blumme vereent.  Looss dech vun dëser eenzegaarteger Atmosphär an de wonnerschéinen Detailer verzauberen.

D’Location: Industrielle Charme trëfft op Romantik

Eis Kuliss fir dëse romanteschen Styled Shoot war en Industriekomplex, dee mat sengem rauen Charme eng eenzegaarteg Atmosphär bitt. Zwëschent réiem Bëton an alen Maueren ass dës onvergläichlech Kuliss fir eis Lovestory entstan.

 Styling: Disco-Flair an zaart Eleganz

Eist Stylingkonzept kombinéiert de fonkelnden Flair vun der Diskokugel a vun de Gypsophila-Blummen. Iwwerall am Raum hunn Diskokugelen geschimmert an de Raum mat engem magesche Glanz gefëllt, wärend zaart Gypsophila-Arrangementer en Hauch vu Romantik a Liichtegkeet erabréngen.

D’Räck: Moderne Chic mat engem Hauch vu Vintage

Eist Model huet a verschiddenen modernen an zäitlose Brauträck gestraalt, déi perfekt zum Ambiente gepasst hunn. D’Braut bezaubert an hirem schlichten, awer elegante Kleed mat fonkelnden Accessoiren, wärend de Bräutigam lässeg-schick a sengem Costume am Vintage-Stil erstraalt..

D’Léift am Mëttelpunkt: Romantesch Momenter ënner den Diskokugelen 

Virun der Kuliss vun dëser industrieller Plaz erliewen eis Models romantesch an emotional Momenter voller Zäertlechkeet a Leidenschaft. Tëschen de fonkelnden Diskokugelen an den zaarte Blummen erstraalt hier Léift a vollem Glanz a beréiert d’Häerzer vun allen déi op der Plaz dobäi waren.

D’Déngschtleeschter: En Team voller Kreativitéit an Leidenschaft 

Dëse Styled Shoot wär ouni dëss talentéiert Déngschtleeschter an hier Leidenschaft fir hier Aarbecht net méiglech gewiescht. Vun der Fotografie iwwer de Styling bis hin zur Dekoratioun – all Detail gouf mat Léift ëmgesat.

Fazit: E Fest vun der Léift a vum Glanz

Eise romantesche Styled Shoot am “Industrial Sparkle”-Look war en onvergiesslecht Erliefnis voller Glanz, Glamour a Leidenschaft! Mir hoffen, dass dës Biller och däin Häerz beréiert huet an dech inspiréieren, déng eege Lovestory an engem onkonventionellen Ambiente ze feieren.

Déngschtleeschter (Instagram-Accounts)

Fotograf: @lovebychrissie_ / MuA: @iamluca94 / Location&Deko: @country_concept / Schmuck: @romy.colle.jewellery / Hoerschmuck: @dilaaccessoires / Brauträck: @marrymebridalstore / Model: eng @marrymebride & Mann