Modern A-Linn

A-Linn

D’A-Linn ass den Klassiker ënner den Brautkleed-Formen! Wisou? Well en einfach all Braut passt !

Déi klassësch Form déi un en groussen “A” erënnert huet en enk uleienden Uewerdeel, deen ab der Taille an en ausgestallten Rack verleeft! Zäitlos, elegant an modern! 

Wéinst der virdeelhafter Form vun dësem Brautkleed-Typ gin eventuell Problemzonen um Bauch, Hënner oder Been charmant verstoppt an déng Schokolassäit gëtt erfier gehuewen!

Och klengen Fraen steet dësen Schnëtt wonnerbar, well en optësch streckt!

D’A-Linn gëtt et an verschiddenen Stilrichtungen an mat ënnerscheedlechen Stoffer! Momentan sin lëfteg A-Linnen mat Spëtz ganz beléift oder och ganz clean!

 

 

Budget: 1’600€-3’500€

3 Steps to your dream dress

Klick op den Button “Rendezvous buchen” dann kënns du op eisen Kallenner

Wiel fir dëch an déng Lieblingsmënschen en fräien Rendezvous eraus

Däin Rendezvous ass ëlo reservéiert an mir freeën eis dech geschwënn an eisem Store ze begréissen

Mir freeën eis

Mir leeën vill Wäert drop, dass Du dech bei eis wuel fills an eng häerzlech an éierlech Berodung kriss.

Mir freeën eis dëch perséinlech bei eis zu Munnerëf ze begréissen an dëch op dëser wonnerbarer Rees no Déngem Dramkleed ze begleeden.